Op villen Ebenen aktiv
Nieft Berodung an Diskussiounen iwwer allgemeng Themen, déi fir äis wichteg sinn, zielt d’Virbereedung op d'Liewen an op déi gesellschaftlech Erausfuerderungen zu den Haaptaufgaben vun eiser Organisatioun, déi parteipolitesch a gewerkschaftlech neutral ass. Doniewend maache mir äis staark fir d’Entwécklung vum ländleche Raum - sief dat heiheem oder am Kader vun der Entwécklungszesummenaarbecht an Afrika.
Deemno organiséieren mir regelméisseg Informatiounsowender fir eis Memberen a Symphatisanten, wou berufsspezifesch Themen behandelt ginn. Dës Weideren organiséiere mir all Joer een Inlandstour mat Visite vun engem Industrie-Betrib an engem Bauerebetrib.
Ausser dësen méi sérieusen Aufgaben leeë mir awer och Wäert drop, fir vill fräizäitlech a kulturell Aktivitéiten mateneen ze ënnerhuelen. Am Wanter probéieren mir eis Kenntnisser a Coursen ze verbesseren, wéi beispillsweis mat engem Kachcours oder engem Danzcours.